Рет қаралды 477
« Den Hues » ass déi sechst Episode vun der Serie « Eist Wëllt Lëtzebuerg » déi nach bis den 28/12/2017 op RTL Télé Lëtzebuerg ausgestraalt gëtt.
Eng Initiative vum Ëmwelt Departement vum Nohaltegkeetsministère.
Dee méi groussen Hues ass op den éischte Bléck z‘ënnerscheede vun der méi klenger Kannéngchen duerch déi méi laang Oueren a Been. Den Hues ass och éischter en Eenzelgänger, woubäi d’Kannéngchen bal ëmmer am Grupp ze gesinn ass.
Queesch duerch eist Land lieft e virun allem an der oppener Gewan, wou hien sech laang um Buedem duckt a sech op seng Tarnung verléisst. Awer e kann duerchaus och emol am Bësch gesi ginn. An de leschte 50 Joer ass d’Zuel vun den Huesen dramatesch zréck gaangen, duerch d‘Ännerungen an der Landwirtschaft.