Рет қаралды 108
Virwëtztuten froen no! Den Numm ass Programm bei dëser Offer vum Service National de la Jeunesse. Kanner stellen sech vill Froen zu all méiglechen Themen. Zesumme mat de Virwëtztuten Fred, Lou a Meis kënnen 8 Kanner sech op de Wee duerch Lëtzebuerg maache fir Äntwerten op hier Froen ze kréien. Sou entsti Videoreportage vu Kanner fir Kanner. Dobäi sinn d'Kanner responsabel fir all Etappe vun der Videoproduktioun, sief et un der Kamera, um Toun oder am Schnëtt. An der Equipe denken d'Kanner sech spannend Froen aus a stellen dës da viru lafender Kamera. Vill Spaass beim kucken!
___________________________________________________________________________
Musik: Intro: "Root Scratch Rock" by spinningmerkaba - 2014 - Licensed under Creative Commons
Reportage: "Trampoline Park Avenue" by Martin Klem - courtesy of www.epidemicsound.com
___________________________________________________________________________
Illustratioune vum Mischa Bernauer -mischa.bernauer@email.de
____________________________________________________________
Dir wëllt den nächste Reportage mat de Virwëtztuten dréien, da kuckt op www.erliewen.snj.lu no den nächste fräien Datumer.